Lëtzebuerg

D’Kanner si liichte gaangen … och am Reen

Et war zwar kee schéinen Dag, fir liichten ze goen, ma awer ee gudden, fir Liicht ze bréngen. Well et war naass, kal an däischter.

A ganz ville Stied an Dierfer waren um Dënschdeg awer d’Kanner mat selwergebastelte Lampionen ënnerwee, fir liichten ze goen.An der Stad hat d’Gemeng d’Kanner aus dem Cycle 1 aus der Ecole Fondamentale aus der Rue de la Congrégation an d’Märei geruff.

Iwwert de Brauch vum Liichten heescht et op Wikipedia:

Wéi aner Feierdeeg och, ass Liichtmëssdag eng Mëschung aus alen, “heednesche” Bräich, op déi e kierchlecht Fest dropgeprafft gouf.

Zréck geet et op d’keltescht Fest vum Imbolc, dat den 1. Februar zu Éiere vun der Gëttin Brigid gefeiert gouf, an dat Rengegung an d’Fruchtbarkeet um Enn vum Wanter zum Thema hat. D’Bauere sinn an enger Prëssessioun mat Fakelen op d’Felder gezunn, an hunn d’Gëttin ugebiet, si soll d’Felder rengegen, éier se nei ausgeséint géifen. Och d’réimescht Lupercus-fest, benannt no engem Gott vun der Fruchtbarkeet an den Déierenträpp, dat ëm de 15. Februar gefeiert gouf, spillt hei mat eran.

Am 5. Joerhonnert huet de Poopst Gelasius I. dës Riten duerch d'”Lutefest” ersat, dat doru soll erënneren, wéi der Bibel no de Jesus am Tempel presentéiert gouf an d’Maria doduerch och gerengegt sollt ginn. No jiddesche Riten hunn d’Mamme missen hiren éischtgebuerene Jong 40 Deeg, nodeem en op d’Welt koum, am Tempel presentéieren. An de Kierche goufen dann d’Fakelen duerch Käerzen ersat, déi da geseent a vun de Leit versuergt goufen, fir se bei Gefor (Donnerwiederen, asw.) ofzebrennen.

Den 3. Februar ass iwwregens den Dag vum hellege Blasius, dee schonn dacks um Virowend gefeiert gëtt – also op Liichtmëssdag. De Blasius hat am 4. Joerhonnert, der Legend no, e Kand gerett, dat bal un enger Sprenz erstéckt war.

Doraus ass de Blasius-Seegen entstanen, deen doraus besteet, zwou Käerzen iwwer Kräiz virun den Hals ze halen, fir sech virun Halskrankheeten oder Erstécken ze schützen.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s