D’Kommissariater sinn ee fundamentale Pilier an der Gemeng an dat hätten d’Gemengevertrieder dem Minister och kloer gesot.Keng Gemeng wiert sech kategoresch dogéint, datt hire Proximitéits-Kommissariat wéint der geplangter Reorganisatioun vun der Police zougemaach soll ginn. Dat sot de Minister fir bannenzegt Sécherheet e Méinden no enger Reunioun mat de 14 Gemengen. Esou géif dat awer net stëmmen, schreift d’CSV an d’CSG, d’Chrëschtlech Sozial Gemengeréit. Et géif ee nawell iwwert d’Annonce staunen.
Bis op 2 Gemengen hunn nämlech déi reschtlech während der Reunioun gesot, datt si grouss Bedenken hunn. D’Kommissariater si ee fundamentale Pilier an der Gemeng, hu si ënnerstrach. Dat hätt een dem Minister Etienne Schneider och esou gesot, erkläert de Jean-Marie Wirth, Buergermeeschter vu Stengefort. Grouss Bedenken huet een an de Gemenge wéinst der Zentraliséierung an och wéinst de Leit, déi dann net méi um Terrain sinn. Fir verschiddenen Hot-Spots géif een och Beamten ofzéien, sou dat op anere Plazen dann dono Nout um Mann bei der Police kéint entstoen.
Doniewent wonnert ee sech firwat nëmmen déi Buergermeeschter vun den 14 Gemengen e Méinden geruff goufen, wou d’Bureaue solle verschwannen. Ëmmerhi géifen och déi anere Gemengen, déi ugrenzen, duerch d’Verschwanne concernéiert sinn. Do hätt ee sech dann och gewënscht, datt all d’Buergermeeschteren do gewiescht wieren. Well déi hätten dann och kënnen hir Bedenken an Problemer kéinte virbréngen. De Minister huet awer esou eng Versammlung annoncéiert an och de Sivicol huet esou en Treffe gefrot.
Kritik gëtt et och dorunner, datt wichteg Froen opstoe bliwwe sinn. Et feelt un Transparenz. Den Etienne Schneider, wéi och de Generaldirekter vun der Police, konnten och op verschidde kruzial Froen, déi si gestallt krut, net äntweren. Dorënner och d’Fro, wat de Besoin u Beamte wier, déi ee bräicht, wann et esou géif bleiwen, wéi een elo, mat 56 Büroen, opgestallt ass, respektiv wéi et no de Fusiounen, wou nach just 28 Déngschtstelle ginn.
An dorobber krut ee keng Äntwert. Wichteg wier et awer ze wëssen, wat de Besoin ass, fir sech opzestellen.
Da gëtt et do nach eng aner Ausso vum Minister déi de Buergermeeschter nawell zimlech sauer opgestouss ass.
“Do sinn ech zimlech schockéiert, datt e Minister esou eppes seet, datt d’Poliziste méi frou wieren, wa se géifen mat der Schlapp kéinten op de Büro schaffe kommen an datt se natierlech frou sinn, wa si op engem Büro schaffen, wou manner Aarbecht, also net vill Aarbecht, ass. Also fir esou Aussoen ze bréngen, bei de Buergermeeschteren, datt ass net ganz flott”,erkläert de Jean-Marie Wirth.
Nach e Mëttwoch hat den Etienne Schneider eng Entrevue mat der Gemeng Käerjeng, déi e Méinden net dobäi war. An och dee Schäfferot huet an aller Däitlechkeet dem Minister ze verstoe ginn, datt een de Proximitéitskommissariat bäibehale wëll.