Lëtzebuerg

 No Sträit mam Messer zougestach – 3 Leit blesséiert

An der Avenue de la Gare koum et en Dënschdegowend géint 18.35 Auer zu engem Sträit tëscht e puer Persounen. 3 Männer goufe mat engem Messer blesséiert.Wéi d’Police schreift, wier de Sträit ausgeaart an ee vun de Bedeelegten hat e Messer gezunn an op 3 Männer agestach. Zwee vun den Affer goufen dobäi schwéier verwonnt, ee Mann méi liicht.

D’Beamten, déi op d’Plaz geruff goufen, hunn Éischt Hëllef geleescht bis d’Ambulanz an de Samusdokter ukoumen. Déi 2 Schwéierblesséiert hu missen noutoperéiert ginn, et géif keng Liewensgefor bestoen.

D’Police sicht an deem Kontext no Zeien. Sämtlech Informatioune si fir d’Garer Police um 2442-9500 oder fir den 113.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s