Lëtzebuerg

Vill Leit hate sech iwwert Flüchtlingsstrukturen informéiert

E Méindeg den Owend stoungen den Inneminister Dan Kersch an d’Escher Gemengeresponsabel den Escher Bierger Ried an Äntwert.

D’Gemeng Esch hëlt vum nächste Joer un Flüchtlingsfamillje mat Kanner op. Am Neiduerf soll dofir eng Struktur fir 300 Leit opgeriicht ginn. Um Méindegowend goufen di Escher Bierger an enger ëffentlecher Reunioun iwwert de Projet vum Schäfferot informéiert an och den Inneminister Dan Kersch stoung de Leit Ried an Äntwert. Et war eng ganz hëtzeg Diskussioun a vill Froe goufen opgeworf.

Den Interess bei den Escher Bierger war grouss, 160 Still goufen opgestallt, ma et stounge nach Leit hannen am Raum an op de Säiten. Eng 200 virop Leit aus dem concernéierte Quartier si sech informéiere komm. Mëtt nächst Joer soll di nei Struktur fir 300 Réfugiéen zu Esch opgoen, virop un der Unzuel vu Flüchtlingen steiere sech eng Partie Betraffener.

D’Flüchtlingsheem soll Mëtt d’nächst Joer opgoen, et wier awer eng provisoresch Struktur fir 5 Joer. Wéi et duerno weider geet, weess een nach net.

Och den Inneminister Dan Kersch huet sech de Froe vun den Escher gestallt, et hätt een awer keng aner Méiglechkeet, wéi déi, déi e Méindeg presentéiert gouf.

Dan Kersch: D’Kritik ass an alle Gemenge wou ech bis elo war déi nämlecht. Ech si mer och bewosst, dass d’Leit eng gewëssen Angscht hunn, an déi meescht fäerten, dass eng Struktur wou 300 Leit ënnerbruecht sinn, dass dat e bësse grouss geduecht ass. Mir sinn eis däers och bewosst, mä leider hu mer net genuch Sitten am Land wou mer méi kleng Strukture kéinten opbauen, respektiv hu mer et an der Vergaangenheet verpasst, déi Strukturen opzebauen. Sou dass mer lo an der Noutsituatioun wou mer sinn, keng aner Méiglechkeet hunn, wéi an dësen Dimensiounen ze plangen.

Vill Froe sinn och iwwert d’Integratioun vun de Réfugiéë gestallt ginn, virop d’Fro, wéi d’Flüchtlingskanner herno an der Schoul sollen integréiert ginn. Geplangt ass d’Schoul am Quartier Neiduerf ze vergréisseren. Genau plange kéint een awer nach näischt esou d’Escher Buergermeeschtesch Vera Spautz.

Vera Spautz: Dat ass schwiereg virauszesoen, well mer jo net wësse wat fir eng Leit kommen definitiv op Lëtzebuerg, a wéi kommen herno dann definitiv op Esch, wéi al sinn d’Kanner…. op jiddefall wëlle mer eis mam Quartier zesummen, awer och mat alleguerten aneren interesséierte Bierger un en Dësch sëtzen, fir dat dote serieux ze preparéieren.

Eng weider Reunioun gouf fir méi spéit ugekënnegt, wa méi iwwert de geneeën Oflaf bekannt ass.

10689539_710455559099708_1260590124236494985_n11111111111111131111111

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s